E puer Wierder iwwer Wierder
Schantjen
4 min
An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass. Donieft schwätze mir och iwwer Orthografie an de Pluriel.
S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?
C: Haut dréit sech alles ëm de Schantjen.
S: A wat ass dorunner sou speziell?
C: Dass mer et hannen héieren, wéi wann et de -chen vun engem Diminutiv wier, et awer mat <j> geschriwwe gëtt.
S: Wat ass scho méi en Diminutiv?
C: Dat ass eng Verklengerungsform wéi Apel > Äppelchen, Bam > Beemchen oder Kand > Këndchen.
S: Bei Beemchen a Chrëschtkëndchen denken ech direkt u Chrëschtdag.
C: Jo, et ass wouer, mat der Zäitëmstellung an der Keelt ass et scho bal Dezemberfeeling. Mee zréck bei d’Orthografie vu ‘Schantjen’. Obwuel ech hannen ‘chen’ héieren, schreiwen ech et: S c h a n t j e n.
S: A firwat mat ‘j’?
C: Dat ass eng allgemeng Reegel am Lëtzebuergeschen, dass mer Wierder, déi am Franséischen -ier oder -illet hunn, am Lëtzebuergesche mat ‘j’ geschriwwe ginn.
S: Hues de do e puer Beispiller?
C: Ma aus dem ‘billet’ gëtt de Billjee, B i l l j e e. Aus dem ‘pompier’ gëtt de Pompjee, P o m p j e e. Do ass am Lëtzebuergeschen ëmmer de ‘j’.
S: A wann ech ‘Chantier’ soen an net ‘Schantjen’?
C: Dann ass dat och iwwerhaapt kee Problem an du kanns et schreiwe wéi am Franséischen: C h a n t i e r.
Et ass am Fong intressant, dass beim Wuert ‘Schantjen’ och sou eng Mëschform tëscht enger integréierter franséischer Form an engem Diminutiv ass. Well, wéi ech scho sot, kléngt et wéi de ‘chen’ beim Këndchen. An dass de ‘Schantjen’ awer iergendwéi als Diminutiv traitéiert gëtt, gesäit een och am Pluriel! Et ass ee Schantjen, zwee …
S: … Schantercher.
C: Richteg. A wann ech mer dee Pluriel do ukucken, dann ass et keen normale Pluriel, wou eng Endung -en oder -er bäikënnt, mee et ass en typeschen Dimininutivpluriel wéi bei Beemchen > Beemercher. Déi ercher-Form fënnt een am Fong just am Diminutiv.
S: A wéi schreift een de Pluriel elo?
C: S c h a n t e r c h e r. Hei da mat ‘ch’, well ech fir dee Pluriel kee franséischt Virbild méi hunn an hei éischter no deem ercher-Pluriel am Lëtzebuergesche kucken, dee mat ‘ch’ geschriwwer gëtt.
Mee sou gesinn, kann een och einfach Chantier soen. Oder Baustell. Mer hu jo oft de Choix am Lëtzebuergeschen.
S: Dat ass wouer. Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche