Hecken a Beem an eiser Landschaft si schéin, erfëllen doriwwer eraus awer och verschidden Aufgaben. Fréier waren si wäit verbreet : Si hunn als Begrenzungen a Markéierunge gedéngt an hu mat hire Friichte Liewens- a Fuddermëttel geliwwert. Donieft hunn si Holz produzéiert fir ze Hëtzen an ze Bauen an hu fir Schutz a Schied gesuergt.
Vill vun dësen nëtzlechen Eegenschafte vun den Hecken a Beem sinn awer lues a lues a Vergiessenheet geroden a sou hu mir haut just nach e Brochdeel un dëse Landschaftselementer ewéi nach vläicht virun 100 Joer. Lues a lues goufen Hecken a Beem bewosst ewech gemaach oder einfach net méi nogeplanzt wann si gestuerwe sinn.
Leider si mat dësem Verschwannen och hir vill direkt an indirekt nëtzlech Eegenschafte verschwonnen. Erklärunge vum Patrick Thommes vum Naturpark Uewersauer.
Hutt dir an der Läscht e Bam geplanzt oder plangt een ze planzen: Da registréiert en op https://mapmytree.eea.europa.eu an hëlleft esou Lëtzebuerg seng Ziler am Kader vum EU Verspriechen “3 Milliarden zousätzlech Beem” ze erfëllen.