Mam Ufank vum Hierscht fänkt och déi intensiivst Aarbechtszäit am Bësch un. D’Vegetatiounsrou bitt déi bescht Konditiounen, fir Holz schounend ze notzen an de Bësch op d’Erausfuerderunge vun der Zukunft virzebereeden.
Vum Michel Krischel vun der Naturverwaltung héiere mir, firwat Bëschaarbechten an dëser Period besonnesch wichteg sinn, firwat verschidde Weeër temporär musse gespaart ginn a wéi eis Bëscher un de Klimawandel ugepasst ginn.
Eis Bëscher stinn ënner ëmmer méi Drock duerch Dréchent, Stierm, Borkenkäfer an invasiv Aarten. Geziilt Agrëffer hëllefen dobäi, stabil a klimaresilient Mëschbëscher fir déi nächst Generatiounen opzebauen.
D’Naturverwaltung rifft d’Bëschbesicher dozou op, Ofspärungen ze respektéieren an de Bësch mat Virsiicht a Respekt ze genéissen.