Dréchemauere si stabil a laanglieweg Konstruktiounen. Se besti just aus Steng. Et gëtt kee Bëtong a keng Speis verschafft. Se ze bauen ass e faszinéierend Handwierk, dat vun der UNESCO an d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet opgeholl gouf. Dréchemauere sinn a ganz verschiddene Formen uechtert eis Landschaften an Uertschaften ze fannen: laanscht Stroossen a Baachen, an de Wéngerten, am Bësch oder esouguer als Mauere vu Gebaier an anere Konstruktiounen. Se sinn awer och ganz besonnesch Liewensraim fir vill Planzen- an Déierenaarten.
Wat d’Dréchemaueren esou besonnesch mécht, erkläert de Claude Petit vum Natur- & Geopark Mëllerdall.
Dir fannt och e Bäitrag zum Theema Dréchemauere bei eis an der Online Mediatheik aus der Siicht vun der Physik.