Huewer ass net just Fudder fir Päerd, mee schmaacht och dem Mënsch ganz gutt a kënnt senger Gesondheet ze gutt. Et ass eng vun deenen eelsten Notzplanzen op der Welt a kennt an dee leschte Joren ee Revival als Superfood. Op Huewerflacken, Miel oder Mëllech, et gëtt vill verschidde Méiglechkeeten Huewer an der Kichen ze verwäerten. Déi am meeschte genotzte Form sinn d’Huewerflacken, déi ee sech selwer ka preparéiere mat enger Flockequetsch, déi méi schounend mam Kär ëmgeet, an esou déi gutt Inhaltsstoffer erhält. Mee och am eegene Gaart kann Huewer ganz flott ausgesinn. Hie gehéiert zur Famill vun de Gräser a mat vill Sonn, ouni vill Aarbechtsopwand wiisst hie bal iwwerall. Et gëtt vill Méiglechkeete mat Huewer ze dekoréieren a sech esou de Summer an d’Natur an d‘Haus ze huelen. Weider Rotschléi vun der Dana Keup
Quellen:
www.meinschönergarten.de / www.nutrimea.com