Momentan ass d’72 Stonne Bam-Planz-Challenge an de Soziale Medien ënnerwee.
Ee Bam planzen ass ëmmer eng gutt Iddi: e bënnt CO2, spent Schiet, ass Liewensraum fir vill Déieren a verschéinert eis Stied an Dierfer. Et gëtt awer och e puer Saachen, ob déi een oppasse soll.
Fir e Bam ze planzen, brauch een ëmmer den Accord vum Proprietaire vum Terrain, an de Bam däerf weder Zougangsweeër nach Nopere behënneren.
Bei der Auswiel vum Bam soll een op seng Funktioun (z. B. Schiet, Ästhetik, Biodiversitéit) an op d’Upassen u Buedem a Klima oppassen, dobäi sinn eenheemesch Aarten am beschten. Invasiv Aarte wéi Robinie, Götterbaum oder Äschen-Ahorn kënnen déi eenheemesch Biodiversitéit negativ beaflossen. Beim Kaf ass d’Qualitéit wichteg, inklusiv Planzepass, an de Bam muss beim Transport viru Schied geschützt ginn.
Ideal Planzzäit fir wurzelnackt Beem ass am Hierscht, wärend Beem am Dëppe bal dat ganzt Joer kënne geplanzt ginn. De Bam soll an e Lach mat gelockertem Buedem a Kompost gesat ginn, fixéiert a gutt bewässert ginn, mat Schutz géint Sonn a Béischten. No der Planzung brauch de Bam reegelméisseg Waasser, eventuell e Schnëtt.
D’Naturverwaltung planzt selwer och Beem am oppene Land an am Bësch fir natierlech Strukturen ze schafen, Biodiversitéit ze stäerken an d’Bëscher un zukünfteg Klimabedéngungen unzepassen. Si kultivéiert och seele Bamaarten an der Staats-Bamschoul, sammelt Som aus zertifizéierte Bestänn fir d’geneetesch Vielfalt an eise Bëscher ze erhalen.
Eng flott Initiativ, bei där jidderee matmaache kann, deen e Bam bei sech geplanzt huet, ass den europäeschen Treepledge, wou Lëtzebuerg sech dozou engagéiert huet fir bis 2030 1,7 Milliounen nei Beem ze planzen. Wann Dir un deem Challenge wëllt deelhuelen, da kënnt Dir Äre geplanzte Bam um Site https://mapmytree.eea.europa.eu/#/home androen.
Hei kënnt Dir nokucken, wat fir Aarte fir är Géigend am beschte gëeegent sinn: https://fichierecologique.geoportail.lu/#!/
Hei fannt Dir Alternativen zu deene wäitverbreeten invasiven Aarten: https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/publications/2025/neophyte-guide.pdf
Explikatioune mam Steve Jungen. Responsable de la cellule sensibilisation et CNF
Service communication et sensibilisation