E Bam ass aus ville verschiddene Grënn wäertvoll, en ass Liewensraum an ernäert vill verschiddene Liewewiesen, e reguléiert a rengegt de Sauerstoff, den CO₂ an de Feinstaub an der Loft an e stabiliséiert mat senge Wuerzelen de Buedem. Net ze vergiessen an net ze ënnerschätzen ass de soziale Volet, deen de Bam erfëllt. Beem, egal ob eenzel an eisem Gaart, am Duerf oder zu ganz vill am Bësch, maachen datt mir eis wuelfillen a manner gestresst sinn. Dem Bam säi wierkleche Wäert fir eis Welt geet deemno wäit iwwer d’Uschafen an d’Notze vum Holz eraus. Et ass net just ee Produit, dee mir notzen, mee een zentraalt Element an eisem Ekosystem, ouni dat mir net liewe kéinten.
Invitée ass d'Laura Lucius, d'Projetkoordinatorin bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL.