Den Tourismus huet eng laang Traditioun an der Regioun Mëllerdall an huet hir Entwécklung am Laf vun de Joerzéngten entscheedent gepräägt. Et ass dofir net verwonnerlech, datt déi Thematik zanter der Grënnung vum LEADER Mëllerdall 2003 ëmmer erëm opgegraff gëtt. Nieft der Entwécklung vun neien touristesche Produkter ass et awer och wichteg sech mat den Erausfuerderungen auserneenzesetzen, mat deenen een als beléiften Touristendestinatioun konfrontéiert ass.
Dofir gouf 2024 en transnationale LEADER-Projet am Beräich vum nohaltegen Tourismus lancéiert. Nieft dem ORT vun der Regioun Mëllerdall-Kleng Lëtzebuerger Schwäiz sinn nach zwou finnesch an eng iresch LEADER-Regioun bedeelegt.
D’Anette Peiter, Gestionnairin vum LEADER Mëllerdall, gëtt en Abléck an de Projet “Stronger together for a sustainable tourism”, d’Theema Nohaltegkeet am Tourismus an erkläert, firwat ee sech fir eng transnational Kooperatioun entscheet huet.