LEADER ass eng Initiativ vun der europäescher Unioun, déi innovativ Projeten an nohalteg Entwécklung am ländleche Raum ënnerstëtzt. Dat Besonnescht: Net Bréissel oder déi national Politik ginn d'Projete vir, mee lokal Acteure kënne selwer hir Regioun matgestalten. Zu Lëtzebuerg ginn et 5 LEADER-Regiounen: Éislek, Mëllerdall, Miselerland, Wëlle Westen an Zentrum Westen.
Hanner all LEADER-Regioun steet e lokalen Aktiounsgrupp: engagéiert Mënschen aus Gemengen, ëffentlechen a privaten Organisatiounen a Veräiner. Si entwéckelen zesumme mat der Bevëlkerung eng Strategie, déi hir Regioun virubréngt. Thematesch Schwéierpunkte sinn Tourismus, Kultur, Soziales, regional Wirtschaft, Landwirtschaft, Natur an Ëmwelt. An all Regioun gëtt et ausserdeem ee LEADER-Büro. D’Personal beréit Projetsträger, begleet si bei der Ëmsetzung vun hiren Iddien a bréngt Mënsche mat änlechen Ziler zesummen.
D’Martine Hemmer vu LEADER Lëtzebuerg erkläert, wéi dat genee funktionéiert.