D'Landwirtschaft notzt net nëmme Fläche fir Liewensmëttelproduktioun, mee schaaft och Liewensraim fir vill Aarten, déi un dës Kulturlandschaften ugepasst sinn. Wann d'Landwirtschaft verschwanne géif, géif d'Landschaft duerch Hecken a Bësch dominéiert ginn. Vill Aarten déi un d’Oppeland ugepasst sinn, géingen dann hir Liewensräim verléieren. Op där anerer Säit huet Effizienzsteigerung an d’Intensivéierung an der Landwirtschaft an deene leschte 60 Joer zu engem Verloscht vu Biodiversitéit gefouert. Fir d'Biodiversitéit ze fërderen, gëtt et speziell Biodiversitéits-Verträg, déi de Bauere finanziell Ënnerstëtzung bidde, wann si dës Liewensraim schützen. Jidderee kann och selwer zum Erhalt vun der Aartevillfalt bäi droe, andeems ee lokal a nohalteg produzéiert Liewesmëttel keeft oder kleng Liewesraim am eegene Gaart uleet.
Explikatioune mam Dr Philippe Birget vun der Natur- a Forstverwaltung.