Elo am Hierscht huet de Spinat Héichsaison. Déi eng Leit schwieren op dëst Geméis, well et ganz gesond ass an eng extra Portioun Eise soll liwweren, déi engem zu Popeye-Kraaft verhëlleft. Anerer maachen ee grousse Bou ronderëm, well si en Iwwerschoss un Nitrater an Oxalseier fäerten. Déi Suerg ass awer onbegrënnt, wann een op e puer Saachen oppasst beim Verschaffe vun dësem grénge Geméis. Et ass net schwéier de Spinat selwer am Gaart oder op der Terrass ze zillen an et kann een de ganze Wanter dovu profitéieren. Kanner si seele frou mat deem battere Goût vum Spinat, mee richteg verschafft kann een eng helle Wull u säftege Platen domat zauberen, déi jidderengem schmaachen.
Explikatioune vun der Dana Keup
Referenzen:
www.meinschönergarten.de
Gartenmagazin: Garten + Haus Sept/Okt 2024