Jidderee kennt de Problem vum Onkraut am eegene Gaart: Soubal Dëschtelen oder aner Planzen opkommen, déi stéieren, wëllt een déi erausrappen. Op engem Feld ass de Prinzip genee dee selwechten: Dëschtelen, Ampfer a verschidde Rankplanzen stéieren de Wuesstum a verréngeren den Ertrag vun de Kulturen. Fir dës konkurrenzstaark Aarten ze eliminéieren, gi meeschtens Herbiziden agesat, déi groussflächeg iwwer d’Feld verdeelt ginn. Dës Method ass relativ simpel an der Landwirtschaft net onbedéngt ze verdenken.
Problematesch bei dëser moderner Form vun intensiver “Onkrautbekämpfung” sinn allerdéngs d’Auswierkungen op déi Planzen, déi eigentlech guer net stéieren. Et ginn nämlech vill Planzen, déi sech op de Standuert “Akerland” spezialiséiert hunn a just do virkommen. Duerch den Herbizidasaz ginn déi allerdéngs lues a lues eliminéiert, esou datt mëttlerweil vill typesch Akeraarte bedrot oder souguer schonn ausgestuerwe sinn.
Dobäi géifen déi allermeescht Akerplanze mol guer net stéieren, sinn et dach meeschtens kleng a filigran Planzen, déi tëschent den décken Halmen vun de Kärekulture kaum opfalen. Dozou ziele beispillsweis den Aker-Rittersporn den Aker-Fraemantel, den Eejäregen Ziest a vill weider méi oder manner opfälleg Aarten. Nieft dem Fakt, datt déi Planze ganz flott ausgesinn, erfëlle se och eng wichteg ökologesch Funktioun, virun allem fir Bestëbser an aner Insekten. Verschwannen dës Aarten aus der Landschaft, kann dat gäre Repercussiounen op eng Panoplie vun aneren Notzer hunn, déi eigentlech op dës Planzen ugewise sinn. Et kann een heibäi also kaum vu stéierenden “Onkraider” schwätzen, mee éischter vu “Bäikraider” oder einfach just “Akerkraider”, déi schonn zënter Joerhonnerten op de mëtteleuropäesche Felder wuessen.
Duerch botanesch Opname vum Akerland wëllt d’biologesch Statioun vum SIAS geziilt no seelenen Akeraarte sichen, fir d’Bestänn, déi bestinn ze lokaliséieren an ze schützen. Donieft soll bei gréissere Populatiounen de Som gesammelt ginn, fir op anere gëeegente Felder nees auszebréngen, esou datt d’Verbreedung vun de seelene Planze ka gefërdert ginn. Och d’Berodung an d’Sensibiliséierung vun de Baueren ass wichteg, fir eventuell méi nohalteg Bewirtschaftungsformen unzegoen.
Méi dozou erkläert den Ëmweltbiolog Cédric Godart vum Naturschutzsyndikat SIAS.