D‘Kompensatioun ass ee vum Naturschutzgesetz vun 2018 gereegelte Prinzip, dee soll garantéieren, datt trotz Wirtschafts- a Bevëlkerungswuesstem, ënner dem Stréch d‘Natur an d’Biodiversitéit erhale bleiwen. D‘Envergure vun der Zerstéierung respektiv dem Schafe vu Biotope gëtt un Hand vu sougenannten Ecopunkte bewäert. Wat e Biotop méi seelen oder méi schwéier erëm hierzestellen ass, wat e méi en héije Punktewäert huet.
Fir sech vu senger Verflichtung vun der Kompensatioun ze entbannen, muss de Bauhär eng Tax un de Staat bezuelen, déi un Hand vun den Ecopunkte berechent gëtt, woubäi een Ecopunkt een Euro wäert ass. Mat dëser Tax setzt d’Naturverwaltung Naturschutzprojeten ëm, an deenen déi zerstéiert Biotopen erëm hiergestallt ginn. Explikatioune mat der Michaela Plein, Cheffe de service vum Service Compensation (www.compensation.lu)