100komma7.lu / Biotop

/ Landwirtschaft a Naturschutz, geet dat?

Landwirtschaft a Naturschutz, geet dat?

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

14 min

Des Entwécklung huet vill nei Planzen- an Déierenaarten neie Liewensraum geschafen.

Des Vilfalt oder Biodiversitéit ass awer an de leschte Joerzéngten dramatesch zréck gaangen, an 1. Linn duerch de Strukturwandel an der Landwirtschaft a den enorme Flächeverbrauch fir de Siidlungsbau.

Lëtzebuerg huet sech a sengem nationalen Naturschutzplang ambitiéis Zieler gesat, fir dem Réckgang vun den Aarten a Liewensräim entgéint ze wierken an den Zoustand vun der Natur ze verbesseren. Fir des Zieler ze erreechen, ginn et eng ganz Panoplie vu Mesuren, déi vum Staat an de Gemenge finanzéiert ginn. D’Biologesch Statioune sinn et wichtegen Acteur, fir an Zesummenaarbecht mat de Baueren an de Proprietäre vun Terrainen des ambitiéis Naturschutz-Ziler ze erreechen.

Gläichzäiteg sinn d’Biologesch Statioune beméit, d’Gesellschaft iwwert Erausfuerderunge vum Naturschutz ze sensibiliséieren an hinnen d’Bedeitung vun enger intakter Natur fir de Mënsch verständlech ze maachen.


Wat sinn d’Haapterausfuerderunge fir den Naturschutz an de nächste Joren ?

Wat ass der Gesellschaft oder dem Eenzelnen seng Roll am Naturschutz?


D'Doris Bauer vum SIAS ass am Studio a gëtt Äntwerten op des Froen.

Episoden

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026 | © Patric Lorgé

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026

Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
headphones

7 min

play_arrow
Daucus carota subsp. sativus - Muerten | © Bigstock

Daucus carota subsp. sativus - Muerten

Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
headphones

11 min

play_arrow
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un | © Photonew

D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un

No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
headphones

10 min

play_arrow
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft | © Copyright: Guillaume Boulanger

Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft

Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
headphones

9 min

play_arrow
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
headphones

11 min

play_arrow
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.
headphones

13 min

play_arrow
Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang | © Gustavo Fring / Pexels

Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang

De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann.
headphones

14 min

play_arrow
Dréchemaueren zu Lëtzebuerg | © Bigstock

Dréchemaueren zu Lëtzebuerg

Dréchemaueren si stabil Konstruktiounen. Si besti just aus Steng. Et gëtt kee Bëtong verschafft. Se ze bauen ass e faszinéierend Handwierk. A se si besonnesch Liewensräim.
headphones

10 min

play_arrow
Huewer: net just Fudder fir Päerd | © Bigstock

Huewer: net just Fudder fir Päerd

Huewer gëllt als Superfood. Et ass eng regional Planz, si ass bëlleg a gutt fir eis Gesondheet.
headphones

12 min

play_arrow
De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem? | © Bigstock

De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem?

De Mëspel: tëschent Mythos a Realitéit - vun der helleger Planz bei de Gëtter bis zur Gefor fir eis Uebstbeem an de Bongerten
headphones

12 min

play_arrow
LEADER Projet Regional EnergieKooperativ | © LEADER Lëtzebuerg West

LEADER Projet Regional EnergieKooperativ

Zil ass et déi nohalteg Energieversuergung bei de Gemengen an de Bierger:innen ze fërderen.
headphones

9 min

play_arrow
Eng gutt Aktioun | © Bigstock

Eng gutt Aktioun

De 72 Stonne Bam-Planz-Challenge
headphones

13 min

play_arrow
De Wäert vun engem Bam | © Bigstock

De Wäert vun engem Bam

De Wäert vun engem Bam kéint net mei villfälteg sinn. E leescht eis ekologesch, ekonomesch a sozial Déngschter, déi net ze ënnerschätze sinn.
headphones

7 min

play_arrow
Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet | © Bigstock

Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet

Sujet vun engem Kooperatiounsprojet Projet tëschent der Regioun Mëllerdall a LEADER-Gruppen aus Finnland an Irland.
headphones

9 min

play_arrow
Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren

Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren

E Liewensraum mat enger grousser Schutzfunktioun
headphones

8 min

play_arrow
LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg | © Bigstock

LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg

LEADER ass eng EU-Initiativ, déi innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung am ländleche Raum ënnerstëtzt. Si setzt dobäi op regional Zesummenaarbecht an aktiv Biergerbedeelegung.
headphones

7 min

play_arrow
Kabesmatsch | © Bigstock

Kabesmatsch

Kabes ass Superfood, gesond an einfach am eegene Gaart ze zillen.
headphones

14 min

play_arrow
Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel

Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel

Am Klimawandel gi Bëscher staark gefuerdert. Resilienz, heemesch an zukunftsfäeg Bamarten sinn de Schlëssel fir natierlech, divers a vital Bëscher.
headphones

8 min

play_arrow
Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen | © Bigstock

Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen

Net nëmme bei de Wëllplanzen, mee och bei de Kulturplanzen huet d’genetesch Vilfalt an de leschten honnert Joer staark ofgeholl.
headphones

15 min

play_arrow
Landwirtschaft a Biodiversitéit | © Bigstock

Landwirtschaft a Biodiversitéit

Eng Kulturlandschaft als Liewensraum
headphones

14 min

play_arrow