Am Kannermusée zu Wolz stinn de Kanner hir Iddien am Mëttelpunkt. Aus dësem Grond ass déi frësch opgeriichte Fassad vu Kanner zesumme mat der Kënschtlerin Irina Moons gestalt ginn.
A kreativen Atelieren am Oktober 2023 hu Kanner aus der Grondschoul Schoulkauz vu Wëlwerwolz verschidde Konschttechniken, -materialien a -methoden ausprobéiert fir d’Fassad ze fëllen. Ënner anerem gouf Siebdrock, Schietzeechnen, Stempeldrock oder och Pantomime-Zeechnen duerchgeféiert. D’Resultater aus deenen Ateliere goufe vun der Irina Moons digital verschafft an dann op d’Fassad gedréckt. Zanter dem Summer 2024 kann een dës kucken a bestaune kommen.