D’Consommatioun vu Pornografie ass hautdesdaags e Massephenomeen. Eng fréi Mediekompetenz an den Dialog iwwer gesond Sexualitéit sinn de Schlëssel, fir datt Kanner a Jugendlecher verantwortlech mat dësen Inhalter ëmginn.
Pornografie gëtt an eiser Gesellschaft dacks als legitim Form vu perséinlechem sexuelle Genoss gesinn. D‘Unzuel u gratis verfügbaren Inhalter ass grouss a fir jiddereen zougänglech. Leider awer och fir Kanner a Jugendlecher, déi ëmmer méi fréi mat dësen Inhalter a Kontakt kommen. Elteren erkennen u Verhalensännerungen, ob e Kand mat Pornografie a Kontakt koum.
Fir Kanner ze schützen, solle si léiere Medie kritesch ze hannerfroen: Wien huet dësen Inhalt erstallt? Ass dat realistesch? Doriwwer eraus ass eng ganzheetlech sexuell-affektiv Educatioun essenziell, fir datt d’Kanner gesond Bezéiunge mat Respekt a Konsens verstinn.
Technesch Mesurë wéi Parental Control a Filtere kënnen hëllefen, sinn awer net 100 Prozent sécher. Dofir ass Begleedung duerch Elteren entscheedend. Explikatioune mam Jeff Kaufmann vu Bee-Secure (www.bee-secure.lu)