Kreativ ginn an de PLOMM-Atelieren!
Duerch eng Offer u verschiddenste PLOMM-Ateliere gëtt dat kreatiivt Potential vu Kanner ënnerstëtzt. Fir d’Kreativitéit awer och dat soziaalt Mateneen ze fërderen, läit de Fokus dobäi um sozialen Austausch an dem Begéinen tëschent de Kanner.
D’Kanner sollen an Atelieren iwwer dat ganzt Joer verdeelt d’Fräiheet hunn hir Fantasie auszeliewen, ouni sech duerch Richteg oder Falsch ageschränkt ze fillen. Et gëtt ee Raum geschaf, an deem si hir Iddien ëmsetzen, zesumme laachen an Neies ausprobéiere kënnen. A Bezuch op d’Ausstellunge LOVE a Bam vun de Geschichten oder och ganz onofhängeg dovun, kënnen d’Kanner sech spilleresch kreativ austesten. Zesumme mat ënnerschiddleche Konschtschafende gouf deen éischten Ateliersprogramm vum Kannermusée PLOMM fir 2025 entwéckelt.