D’Angscht als gudde Frënd op d’Schëller huelen.
Ängschte sinn en Theema, dat reegelméisseg vu Jonken oder hiren Elteren thematiséiert gëtt beim KJT, sief et um Kanner-Jugendtelefon, der Online Help, der Chatberodung oder um Elterentelefon:
“Zanter Covid beobachte mir eng Hausse. D’lescht Joer hate mir 99 Kontakter zum Theema Angscht, dat ware 60 Prozent méi Gespréicher wéi 2022. Engersäits ass Angscht iwwerliewensnoutwendeg. Mir hunn e Signalsystem an eis, dat eis hëlleft eist Liewen ze schützen, eis aluet bewosst a virsichteg mat eis ëmzegoen. Angscht mécht eis op Geforen a Risiken opmierksam, datt mir an enger Krisesituatioun eis noutwendeg Kräfte mobiliséiere kënnen.
Anerersäits kann et eis eist Liewe schwéier maachen a gëtt als extreem stéierend, blockéierend, veronséchernd empfont, wann et aus dem Gläichgewiicht geréit an an d’Extreemt gerutscht ass.”
Wat sinn d’Funktioune vun der Angscht, wat mécht et esou schwéier, wéi kann ee mat Ängschten ëmgoen an eng hëllefräich Haltung entwéckelen? D’Carmen Weyer, Pädagogin beim KJT erkläert, wéi de KJT probéiert de Jonken an Elteren Ënnerstëtzung ze ginn.
Telefonsnummer vum KJT, dem Kannerjugendtelefon, ass den 116 111 - Telefonsnummer vum Elterentelefon ass den 8002 4444.