Aus dem Liewen
Familljen-Center
5 min
An Zesummenaarbecht mat der Uni München gouf de KIB, Kinder im Blick Cours, ausgeschafft a gëtt och elo zu Lëtzebuerg ugebueden. Eltere kënnen hei an engem Grupp mat zwee Formateuren hir Kompetenze reflektéieren an ausbauen. Am Fokus sti Bedierfnisser vum Kand, awer och d’Bezéiung vun den Elteren zum Kand an oder no enger Trennung. D’Eltere kënnen och léiere méi relax mat Stresssituatiounen ëmzegoen. Last but not least kréie si Input fir, am Interesse vum Kand, ugemiesse mateneen ëmzegoen. Explikatiounen huet d’Lis Thomé, si ass eng vun de sechs Formateuren a Formatricen aus dem Familljen-Center. (www.familljencenter.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
natur musée
D’Botanik-Sektioun vum natur musée betreit verschidde botanesch Sammlungen. Dës hëllefen d’Villfalt vun de Planzen ze erfuerschen an ze erhalen.
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus
Verännerungen an Entwécklungen am Club Aktiv Plus
Familljen-Center
En Eltere-Cours fir getrennten Elteren: Kinder im Blick
