Wéi ginn d’Clibb Aktiv Plus an hir Clientë mat der Digitalisatioun ëm, a wat maachen si, fir no beim Client ze sinn?
D’Clibb sinn och e wichtegen Acteur, wann et ëm d’Digitalisatioun geet an dorëms, déi eeler Populatioun digifit ze maachen, wa si et nach net sinn. Dobäi stousse si awer heiansdo u Grenzen. Een aneren Challenge ass un déi Leit ze kommen, déi eleng doheem sëtzen a sech net trauen an e Club ze goen, oder vläicht guer net wëssen, datt et esou eppes gëtt. Zum Schluss vun dëser Episod kommen d’Clienten nach selwer zu Wuert. Explikatioune mat der Sophie Thomé Coordinatrice Club Aktiv Plus (www.clubaktivplus.lu)