Aus dem Liewen
natur musée
7 min
Planze vu Lëtzebuerg an aus aller Welt - Botanesch Sammlungen am natur musée
All gedréchent Planz am Herbier vum natur musée huet eng Etikett, op där steet wéini, wou, a vu wiem dës Planz gesammelt gouf. Domat ass den Herbier een eenzegaartegt Archiv iwwer d’Verbreedung vun de Planzen. Deen eelste Beleeg aus Lëtzebuerg gouf viru just 200 Joer, den 1. Juli 1824, zu Bettenduerf gesammelt. All eenzele vun den ca. 100.000 Beleeger ass e wëssenschaftleche Beweis, datt dës Planz zu där bestëmmter Zäit, wéi si gesammelt gouf, op där Plaz virkoum. Esou kënne mir ënnersichen, wéi d’Planzenaarten iwwer d’Zäit verbreet waren a sinn. Dat ass d’Basis fir d’Rout Lëscht vun de Planzen ze erstellen, déi elo deemnächst nei erauskënnt. De Musée versuergt och Typus-Beleeger déi hannerluecht ginn, wann e Wëssenschaftler eng nei Aart beschreift.
An der Sombank gi Somlouse vun den eenheemesche Wëllplanzen iwwer d’Zäit versuergt a kënne fir Renaturéierungen an Aarteschutz-Projete benotzt ginn. Déi eenheemesch Planzen an de Gäert vum Musée an déi europäesch Gehölzer am Arboretum um Kierchbierg hëllefen am Kader vun eise Visitten an didakteschen Aktivitéiten eise Publikum op d’Schéinheet, d’Diversitéit an de Wäert vun de Planzen opmierksam ze maachen. Explikatioune mam Thierry Helminger, Conservateur - Chargé d’études dirigeant am Musée national d'histoire naturelles; Botanique - Collections (www.naturmusee.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
natur musée
D’Botanik-Sektioun vum natur musée betreit verschidde botanesch Sammlungen. Dës hëllefen d’Villfalt vun de Planzen ze erfuerschen an ze erhalen.
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus
Verännerungen an Entwécklungen am Club Aktiv Plus
Familljen-Center
En Eltere-Cours fir getrennten Elteren: Kinder im Blick
