Aus dem Liewen
KJT Kannerjugendtelefon
6 min
Sexting - Bass du dir sécher?
Den Austausch an d’Verschécke vun intimen Inhalter d. h. Messagen, Biller, Videoen, gëtt als "Sexting" bezeechent.
Päiperleken am Bauch ze hunn, verléift ze sinn ass wonnerschéin, a séier huet ee Mol déi eng oder aner Foto online verschéckt un eng Persoun, déi een och iwwer dee Wee kennegeléiert huet.
“Beim Sexting ass et wichteg ze wëssen, datt et potentiell Risike gëtt, déi oft ënnerschat ginn.”
Op wat ee beim Deele vun intimen Inhalter oppasse soll, erkläert d’Carmen Weyer, Pädagogin beim KJT
D’Telefonsnummer vum KJT, dem Kannerjugendtelefon, ass den 116 111.
D’Telefonsnummer vum Elterentelefon ass den 8002 4444.
(www.kjt.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil