Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
4 min
Op siwe Meter Héicht bitt de Bam vun de Geschichten allerlee Aktivitéiten. Vun engem Labyrinth an de Wuerzele bis hin zu engem Bamhaus an engem Nascht an der Kroun vum Bam waarden iwwerall Geschichten an Aktivitéiten drop entdeckt ze ginn.
Andeems d’Kanner an dëser permanenter Ausstellung Geschichte lauschteren, hir eege Geschichten erfannen an och erzielen, gëtt hir Virstellungskraaft ugereegt. Wäerter gi vermëttelt, deen Eenzelne gëtt mat der Welt a Verbindung bruecht an de Versteesdemech fir Anerer gëtt gefërdert. De Bam vun de Geschichten ass eng interaktiv Installatioun fir Kanner vun 0 bis 12 Joer. Wärend enger geféierter Entdeckungsrees, bei där Grouss a Kleng wéi bei engem Theaterstéck an eng Geschicht andauchen, gi si spilleresch dozou ugereegt déi verschidden Aktivitéiten am Bam vun de Geschichten ze erliewen.
Presentéiert vum
- Pit Walté