Frëndschaft, Imaginatioun a Gesellschaft am Bam vun de Geschichten
De Kannermusée PLOMM setzt sech an, fir scho bei deene jéngste Visiteuren demokratesch Wäerter unzeschwätzen, sech domat vertraut ze maachen an ze diskutéieren. Am Kader vum Bam vun de Geschichte stinn dofir och dës Wäerter am Mëttelpunkt: Gerechtegkeet, Fräiheet a Solidaritéit. Esou abstrakt gesellschaftlech Konzepter ginn do op ee fir d'Kanner zougänglecht d’Theema erofgebrach: Frëndschaft an alles, wat esou eng Frëndschaft mat sech bréngt: Freed, Verständnes, Perspektivewiessel, Sträit, asw … Am Bam verstoppe sech och Wiese mat hire Geschichten, déi de Kanner hir Erliefnesser an Erfarungen erzielen an d’Kanner alueden, och hire Point de Vue ze deelen a mat hinnen ze interagéieren. Op allen Etagë vum Wuerzelwierk bis an d’Bamkroun kënnen d’Besicher an eng eege Welt andauchen. Och Imaginatioun ass eng Kompetenz, déi an dësem Kader soll Opbléie gelooss ginn. Duerch déi verschidde Materialien a Geschichte kënnen d’Kanner an d’Bamwelt andauchen a se matgestalten.