Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

search / Aus dem Liewen

/ natur musée

natur musée

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

Luxembourg on the Rocks - Wéi Geschicht a Geschichten aus Steen entstane sinn.
D'Expo mat engem ganz interessante Kaderprogramm ass bis de 16. Mäerz 2025 ze gesinn.
Wéi sinn eis Landschaften a hir Fielsënnergrënn entstanen? A senger geologescher Sektioun weist d'Ausstellung, wéi d'Mier eise Sandstee viru Millioune vu Joer zeréckgelooss huet a wéi eng aner Gestengsformatiounen, wéi Schifer oder Eisenäerz, eist jëtzegt Lëtzebuerg prägen.
Den natur musée weist an engem Modell a mat historeschen Dokumenter, wéi déi eenzegaarteg geologesch Situatioun vun der Stad eng Festung erméiglecht huet, déi bis an 19. Joerhonnert ausgebaut gouf. Mat der Schleefung vun der Festung no 1867 gouf se selwer nees zu enger Zort Steebroch fir d'Vergréisserung vun der Stad Lëtzebuerg.
Net nëmmen an der Architektur spillt d’Material Steen eng wichteg Roll an eisem Alldag an och a villen alldeeglechen Objeten. Porzeläin, Keramik, Glas a Besteck sinn all vu mineralescher Hierkonft!
Net zulescht ass de Stee liewenswichteg: Drénkwaasser a Liewensmëttel enthale Spuerenelementer, déi aus dem Steen a Buedem absorbéiert ginn. Mikroorganismen, Deiere a Planze liewe souguer déif am an um Steen. An neit Liewen entsteet, wou eemol Steen ofgebaut gouf, wei zum Beispill an den Terres Rouges.
Explikatioune mat der Geologin Kim Totaro, an dem Konscht- a Kulturhistoriker Hans Fellner (www.naturmusée.lu)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Familljen-Center

Koppeltherapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

ErwuesseBildung

Konscht, wat soll dat? En neie Projet a Workshop an der EwB
headphones

4 min

play_arrow

KJT Kannerjugendtelefon

Wat ass Sexting, a wat fir Risike kënnen hei laueren?
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Op siwe Meter Héicht bitt de Bam vun de Geschichten allerlee Aktivitéiten. Vun engem Labyrinth an de Wuerzele bis hin zu engem Bamhaus an engem Nascht an der Kroun vum Bam
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Sougenannt KI-Begleeder ginn ëmmer méi populär grad och bei Jugendlechen. Et ginn zwar och Virdeeler, mee se bidden awer och vill Risiken.
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Klein aber oho! CID | Fraen an Gender gëtt méi grouss (net nëmmen) fir déi Kleng
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung.

Wéi kënne Elteren sech selwer ënnerstëtzen, roueg an empathesch mat senge Kanner ëmzegoen ouni Zoddi an Gejäiz?
headphones

8 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Den Ënnerscheed tëschent Fräispill a geleetem Spill. Mir kucken, wéi een an der Hellewull vu Spiller e Choix kann treffen, a wat eng gutt Spillsaach ass - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

natur musée

Wat ass eigentlech Biodiversitéit a wéi hänkt Biodiversitéitskris mat der Klimakris zesummen?
headphones

7 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus

Aus dem Club Senior gëtt de Club Aktiv Plus
headphones

9 min

play_arrow

Familljen-Center

Koppel-Therapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 1/2
headphones

9 min

play_arrow

Erwuessebildung

Was Kinder im Winter mit der Familie in der Natur erleben können
headphones

7 min

play_arrow

KJT Kannerjugendtelefon

D’Pubertéit ass eng erausfuerderend Zäit fir all Bedeelegt, souwuel fir déi Jonk wéi och fir d‘Elteren.
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Am Kannermusée PLOMM stinn d'Wäerter Humor, Dialog a Fantasie am Zentrum vum Schaffen. Déi Wäerter sinn d’Fundament fir en innovatiivt Aarbechtsëmfeld, an deem d’Kanner am Mëttelpunkt stinn.
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Social Media huet vill positiv Eegenschaften. Zum Beispill kann een sech séier mat Frënn a Famill verbannen. De Konsum vun de soziale Medie kann awer och séier problematesch ginn
headphones

7 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Wat bedeit eigentlech Gender?
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Méisproocheg a multikulturell: Wéi Familljen hiren Equiliber fannen
headphones

5 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Spillen ass de Kanner hir “Aarbecht”. Wéi vill Afloss huet d’Spill op d'Entwécklung vum Kand a wéi wichteg ass den Elteren hir Begleedung an Ënnerstëtzung? - 1/2
headphones

5 min

play_arrow

natur musée

"De Panewippchen”, d’Zeitung vum natur musée, feiert gläich seng 150. Editioun. Mir hunn hanner d’Kulisse vun där beléifter Kanner- a Jugendzeitung geluusst.
headphones

9 min

play_arrow

GERO Kompetenzzenter fir den Alter

Eng Lobby fir Senioren a Seniorinnen: D’Stëmm vun der Seniore feelt hei am Land. D’Potential ass do, mee wou si si?
headphones

9 min

play_arrow