Aus dem Liewen
natur musée
7 min
Dacks gëtt de Begrëff Biodiversitéit ob een Aspekt reduzéiert an mat Artenvielfalt gläicht gesat. Biodiversitéit huet awer e puer Niveauen. Den ieweschte Niveau ass deen vun den Ökosystemer z.B. verschidden Typen vun Bëscher, Moueren, Fiichtwisen, Drëschewisen asw… Dëss Ökosystemer sinn Gemeinschaften vun vill verschiddenen Déieren an Planzenarten déi an komplexen Interaktiounen zesummen liewen. Den ënneschten Niveau vun der Biodiversitéit ass deen vun der genetescher Vilfalt tëschent den Arten. Dës Diversitéit ass den Motor vun der Evolutioun.
“Am Fuerschungszentrum vum Naturmusée hunn mir verschidden Projeten déi sech mat den Effekter vum Klimawandel ob Biodiversitéit befaassen”.
Wann de Klima sech verännert mussen Déieren a Planzen entweder hirer klimatescher Niche hannendrun wanderen (z.B. no Norden oder an d’Héicht an de Bierger) oder si mussen sech un déi nei Konditiounen duerch Evolutioun upassen. Wann si dat nët kënnen, wäerten vill Populatiounen vun hinnen ausstierwen. Dozou Reflektiounen vum Planzenökolog Dr. Guy Colling vum Musée national d'histoire naturelles
www.naturmusee.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil