Radioen

On air

9 bis 1  |  Aldous Harding - Tick Tock

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

search / Aus dem Liewen

/ ErwuesseBildung

ErwuesseBildung

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow

Liesfërderung bei Kanner
Wéi kënne mir d'Léift fir d'Bicher bei eise Kanner vu Klengem u fërderen? Kann d'Virliesen, och wann et nëmmen zwou Minutten den Dag ass, wierklech e Grondstee fir de spéidere Lieserfolleg sinn? A wéi eng Roll spillen d’Eltere bei der Liesfërderung?
“Laut dem Lesemonitor vun der Stiftung Lesen, enger järlecher Etüd zum Virliesverhale vu Famille mat Kanner tëschent 1 a 8 Joer, fänken Elteren oft ze spéit mam Virliesen un. An engem Drëttel vun de Famille gëtt guer net oder nëmme seele virgelies. Dobäi ass virun allem déi fréi Kandheetsphas an den Ufank vun der Schoul entscheedend, fir d'Léift zum Liesen ze förderen”.
D’Bicher an d’Freed um Liese goufe schonn ëmmer an der ErwuesseBildung grouss geschriwwen a grousse Wäert drop geluecht Famillen op hirem Wee ze ënnerstëtzen.
“Ech soen ëmmer d’Léift fir ze Liese fänkt mam éischte Liblingsbuch un. Dofir hu mir fir déi ganz Kleng, vun 0 bis 3 Joer, ee Billerbuch-Workshop, wou Eltere mat Hëllef vu Fotoen an diverse Materialien e perséinlecht Pappbilderbuch fir hir Kanner gestalten”, seet d’Leslie Fischbach, Mediepedagogin vun der EWB

Erausgepickt:
D'EwB bitt vill Ateliere ronderëm d'Theema Liesfërderung un. Dorënner och dee beléifte Billerbuchatelier fir Eltere vu Kanner tëschent 0 an 3 Joer, wou Elteren hirem Kand e perséinlecht Kannerbuch kreéiere kënnen (15.03.). Donieft ginn et nach e Liesunge mat kreativen Aktivitéite fir Kanner tëschent 4 a 7 Joer an e Liesen-a-Spillnomëtteg samschdes (11.01.) an Zesummenaarbecht mat Numulis fir Kanner am Grondschoulalter.
Informatiounen op www.ewb.lu

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Familljen-Center

Koppeltherapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

ErwuesseBildung

Konscht, wat soll dat? En neie Projet a Workshop an der EwB
headphones

4 min

play_arrow

KJT Kannerjugendtelefon

Wat ass Sexting, a wat fir Risike kënnen hei laueren?
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Op siwe Meter Héicht bitt de Bam vun de Geschichten allerlee Aktivitéiten. Vun engem Labyrinth an de Wuerzele bis hin zu engem Bamhaus an engem Nascht an der Kroun vum Bam
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Sougenannt KI-Begleeder ginn ëmmer méi populär grad och bei Jugendlechen. Et ginn zwar och Virdeeler, mee se bidden awer och vill Risiken.
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Klein aber oho! CID | Fraen an Gender gëtt méi grouss (net nëmmen) fir déi Kleng
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung.

Wéi kënne Elteren sech selwer ënnerstëtzen, roueg an empathesch mat senge Kanner ëmzegoen ouni Zoddi an Gejäiz?
headphones

8 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Den Ënnerscheed tëschent Fräispill a geleetem Spill. Mir kucken, wéi een an der Hellewull vu Spiller e Choix kann treffen, a wat eng gutt Spillsaach ass - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

natur musée

Wat ass eigentlech Biodiversitéit a wéi hänkt Biodiversitéitskris mat der Klimakris zesummen?
headphones

7 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus

Aus dem Club Senior gëtt de Club Aktiv Plus
headphones

9 min

play_arrow

Familljen-Center

Koppel-Therapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 1/2
headphones

9 min

play_arrow

Erwuessebildung

Was Kinder im Winter mit der Familie in der Natur erleben können
headphones

7 min

play_arrow

KJT Kannerjugendtelefon

D’Pubertéit ass eng erausfuerderend Zäit fir all Bedeelegt, souwuel fir déi Jonk wéi och fir d‘Elteren.
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Am Kannermusée PLOMM stinn d'Wäerter Humor, Dialog a Fantasie am Zentrum vum Schaffen. Déi Wäerter sinn d’Fundament fir en innovatiivt Aarbechtsëmfeld, an deem d’Kanner am Mëttelpunkt stinn.
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Social Media huet vill positiv Eegenschaften. Zum Beispill kann een sech séier mat Frënn a Famill verbannen. De Konsum vun de soziale Medie kann awer och séier problematesch ginn
headphones

7 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Wat bedeit eigentlech Gender?
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Méisproocheg a multikulturell: Wéi Familljen hiren Equiliber fannen
headphones

5 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Spillen ass de Kanner hir “Aarbecht”. Wéi vill Afloss huet d’Spill op d'Entwécklung vum Kand a wéi wichteg ass den Elteren hir Begleedung an Ënnerstëtzung? - 1/2
headphones

5 min

play_arrow

natur musée

"De Panewippchen”, d’Zeitung vum natur musée, feiert gläich seng 150. Editioun. Mir hunn hanner d’Kulisse vun där beléifter Kanner- a Jugendzeitung geluusst.
headphones

9 min

play_arrow

GERO Kompetenzzenter fir den Alter

Eng Lobby fir Senioren a Seniorinnen: D’Stëmm vun der Seniore feelt hei am Land. D’Potential ass do, mee wou si si?
headphones

9 min

play_arrow