Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount Oktober
Jean-Philippe Rameau (1683-1764)Als ee vun der groussen Theoretiker an Operekomponisten huet de Jean-Philippe Rameau d’Museksgeschicht vum 18. Joerhonnert markéiert. Nach ewell ass de Komponist am 19. Joerhonnert an de Vergiess geroden, bis sech a Frankräich eng Generatioun vu Museker (Saint-Saëns, Dukas, d’Indy) opgemaach huet, deen eegene Patrimoine nees nei z’entdecken. Mam Opkommen vun der historesch informéierter Opféierungspraxis huet seng Musek sech dunn definitiv erëm am Répertoire etabléiert. E Portrait vum Guy Engels.“Observations sur notre instinct pour la musique et sur son principe où les moyen de reconnaître l'un par l'autre conduisent à pouvoir se rendre raison avec certitude des différents effets de cet art”, ass eng vun deene leschten theoretesche Schrëfte vum Jean-Philippe Rameau. Si gëtt 1754 zu Paräis publizéiert a resuméiert op knapp 60 Säiten dem Komponist seng Gedanken iwwert d’Relatioun tëscht den Naturwëssenschaften an der Musek. Dem Rameau seng Theorien wierken nach bis an eis Zäit no. (Rediff. um 19:05)