Komponist:in vum Mount
An American in Paris
5 min
1926 ass den George Gershwin eng éischte Kéier zu Paräis. Deemools notéiert hie seng éischt Gedanken zu "An American in Paris", engem vu senge bekanntste Wierker. Trotzdeem dauert et nach ronn zwee Joer an eng weider Europarees, bis aus der éischter Iddi eng fäerdeg Partitur entsteet.
Et ass eng Zäit an där direkt zwee Proffe refuséiert hunn de Gershwin als Schüler unzehuelen. Aus haiteger Siicht kann ee bei dësen zwou Ofsoe vun enger Chance schwätzen, wa méiglech hätt dem Gershwin säin "American in Paris" soss nämlech ganz anescht geklongen, mengt de Luc Boentges.