arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Gaetano Donizetti (1797-1848)
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Een ale Bretzert, deen eng jonk Fra bestit, déi hirersäits nees déi grouss Léift vun engem adrette Borscht ass. Dat ass d'Muster vun e sëllege komeschen Operen an och vum Gaetano Donizetti sengem leschte grousse Succès "Don Pasquale". De Komponist ass 1843 bei der Uropféierung am Théâtre-Italien zu Paräis derbäi. 1845 gëtt "Don Pasquale" schonn zu New Orleans gespillt.