arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Den Heinrich Joseph Bärmann
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Am 19. Joerhonnert mécht den Instrumentebau technesch eng grouss Evolutioun duerch - bei allen Instrumenter, och bei der Klarinett. Net seele geschitt dat an enker Zesummenaarbecht tëschent engem Instrumentalist an engem Instrumentebauer. Den Heinrich Joseph Bärmann huet als Klarinettist wesentlech Impulser fir d'Weiderentwécklung vu sengem Instrument ginn, vun där hien dann och als Komponist profitéiert huet.