arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Den Heinrich Joseph Bärmann
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Musek war an der Famill Bärmann Traditioun: de Papp war Militärmuseker an och seng zwee Filsen sollten dës Carrière aschloen. Den eelsten, de Carl Bärmann, huet zu Potsdam Fagott geléiert, säi jéngere Brudder Heinrich Joseph Bärmann gouf Klarinettist. Allebéid waren se dichteg Solisten an hunn och fir hir Instrumenter komponéiert. Bekannt ginn ass awer vrun allem den Heinrich Joseph Bärmann, dee wesentlech Impulser fir d'Klarinett ginn huet.