Komponist:in vum Mount
Klassik oder Jazz?
7 min
Ass et Klassik oder Jazz? Dës Fro gëtt beim George Gershwin senger Musek nëmmen all ze gär gestallt. Virun allem bei sengem Pianosconcerto a Fa.
Och de Kirill Gerstein, en unerkannte Gershwin-Interpret, beweegt sech tëschent de Welten Jazz a Klassik. Wourop kënnt et also un, wann een dem Gershwin säi Concerto interpretéiert? Wat sinn déi grouss Ënnerscheeder, a wou sinn d'Beréierungspunkten tëschent dëse Stilrichtungen?
Froen, deenen de Luc Boentges an der Emissioun nogeet. Hien huet sech mam Pianist Kirill Gerstein getraff, wéi hien hei zu Lëtzebuerg war, fir dëst Wierk zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op d'Bün ze bréngen.