Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount Oktober
Jean-Philippe Rameau (1683-1764)Als ee vun der groussen Theoretiker an Operekomponisten huet de Jean-Philippe Rameau d’Museksgeschicht vum 18. Joerhonnert markéiert. Nach ewell ass de Komponist am 19. Joerhonnert an de Vergiess geroden, bis sech a Frankräich eng Generatioun vu Museker (Saint-Saëns, Dukas, d’Indy) opgemaach huet, deen eegene Patrimoine nees nei z’entdecken. Mam Opkommen vun der historesch informéierter Opféierungspraxis huet seng Musek sech dunn definitiv erëm am Repertoire etabléiert. E Portrait mam Guy Engels. Éier de Jean-Philippe Rameau sech 1722 zu Paräis néierléisst a Carrière um Haff zu Versailles mécht, huet en zu Avignon, Clermont-Ferrand, Dijon a Lyon seng Kuuscht als Organist verdéngt. Als Komponist huet e sech awer vrun allem fir den Cembalo interesséiert. Dem Rameau seng Musek fir den Cembalo ass de Schwéierpunkt am zweeten Deel an eisem Portrait iwwert de Komponist vum Mount Oktober.