arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mee 2014
De 15. Mäerz 1942 stierft deen éisterräichesche Komponist Alexander von Zemlinsky am Exil zu New York. Et huet gutt 30 Joer gedauert, éier d’Musekswelt dëse Spéitromantiker nees entdeckt huet, fir deen déi nei Ästhetik vum Arnold Schönberg eng friem Welt blouf. De Gustav Mahler hat deem jonke Komponist säin Talent entdeckt. En huet den Alexander von Zemlinsky gefördert, ëm awer och seng grouss Léift ausgespaant: d’Alma Schindler.Presentéiert vum Guy Engels. Rediff. vum 7.5.2014