arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Komponist vum November 2013
De Benjamin Britten war dee bedeitendsten englesche Komponist an der 2. Halschent vum 20. Joerhonnert. Säi Wierk ass ganz breetgefächert, vu Kammermusek, iwwer Film- a Bühnemusek, bis bei Orchesterkompositiounen an Operen. Vrun allem a senge Vokalkompositioune spillt d’Thema vum “anescht sinn” eng zentral Roll. Den 22. November 2013 waren et 100 Joer, datt de Benjamin Britten gebuer gouf. E Portrait vum Guy Engels. Rediff. vum 13.11.2013