Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Abrëll 2014
De Joseph Gabriel Rheinberger ass vrun allem fir seng Uergel- a seng Sakralmusek bekannt. Obschonns hien am 19. Joerhonnert eng vun de grousse Musekerperséinlechkeete war, gi seng Wierker haut nëmmen nach seele gespillt. De Rheinberger ass vu Vaduz am Liechtenstein gebierteg. Hie war Professer um Conservatoire zu München, wou en eng ganz Rëtsch spéider bekannt Schüler hat: den Engelbert Humperdinck, de Wilhelm Furtwängler, den Ermann Wolf-Ferrari oder och nach déi amerikanesch Komponisten George Chadwick an Horatio Parker. Rediff. vum 9.4.2014