arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Oktober 2013
De Giuseppe Verdi ass eng Ikon vun der Operewelt an éischter ongewollt och vum politeschen “Risorgimento” an der Mëtt vum 19. Joerhonnert an Italien. Aus ganz bescheidene Verhältnisser huet de Komponist sech zu enger vun deene bedeitendste Perséinlechkeeten an Italien eropgeschafft. Musekalesch Dramen, mënschlech Tragedien, dem Verdi seng Opere grenze sech vum traditionelle Belcanto of. Dëse Mount sinn et 200 Joer hier, datt de Giuseppe Verdi zu Le Roncole gebuer gouf. Rediff. vum 2.10.2013