arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Januar 2014
De Jean Sibelius ass dee bedeitendste finnesche Komponist a Begrënner vun enger musekalescher Traditioun, déi haut mam Einojuhani Rautavaara an der Kaija Saariaho 2 prominent Vertrieder huet. Während seng Musek a Skandinavien, a Groussbritannien an an den USA vun Ufank u grousse Succès hat, huet et bis an d’60er Jore gedauert, éier Sibelius-Kompositiounen och an Däitschland hire Wee an de Répertoire gemaacht hunn. E Portrait vum Guy Engels. Rediff. vum 1.1.2014