Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Den 28. Dezember 1963, viru 50 Joer, ass de Paul Hindemith gestuerwen. Hie war ee vun deenen wichtegste Komponisten, Musekstheoretiker a -Pädagogen am 20. Joerhonnert. Éischt grouss Succèsen hat den Hindemith an den 20er Jore bei den Donaueschinger Musiktage. D’Nazien hunn de Komponist als “Kulturbolschewist” gestempelt. Fir de Joseph Goebbels war den Hindemith ee “Geräuschemacher”. Den Hindemith emigréiert an Amerika. Mat sengen Operen “Mathis der Maler” an “Die Harmonie der Welt” huet hie wichteg Contributioune fir de Musekstheater geliwwert. Säi Stil siedelt sech am Spannungsverhältnis tëscht der Avantgarde an enger allgemeng zougänglecher Musekssprooch un. A sengem leschten Essai huet de Paul Hindemith den Exklusivitéitsusproch vun der Zwieleftounmusek refuséiert.E Portrait vum Guy Engels. Rediff. vum 11.12.2013