Retromania
Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
9 min
Déi meescht vun eis hu schonn emol de Begrëff "Eiger-Nordwand" héieren, déi och gäre Mordwand genannt gëtt. Dës Säit vum 3.970 Meter héijen Eiger an de Berner Alpen an der Schwäiz gouf am Laf vun de Joerzéngte Kult, e Mythos, jo am Fong Populärkultur. D'Eiger-Nordwand faszinéiert d'Mënschen, souwuel Alpiniste grad wéi Bierg-Laien.
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen. An déi Leeschtung huet deemools och den Nazien an de Krom gepasst, als een Deel vun hirer grousser Propagandamaschinn.
De Jean Claude Majerus erënnert un déi éischt Besteigung vum Eiger iwwer d'Nordwand viru 85 Joer.