Retromania
Mona Lisa: De Mythos ronderëm d'Schéinheet aus dem Louvre
12 min
Wann et een Tableau op der Welt gëtt, dee Laien, grad esou gutt wéi Konschtexperten, kennen, dann ass dat dem Leonardo Da Vinci säin Portrait vun der "Mona Lisa". Schonn an där Zäit vum Da Vinci, dee vu 1452 bis 1519 gelieft huet, konnt d'Mona Lisa d'Mënschen emotionell beréieren, erstaunen a mystifizéieren. An dorun huet sech bis haut näischt geännert.
Dat mysteriéist Laachen an dee lackelegen an zugläich ofweisende Bléck vu der Mona Lisa zitt all Joers op en Neits Millioune vu Visiteuren an den Louvre op Paräis. Dem Leonardo Da Vinci säi Portrait vun der Mona Lisa gouf am Joer 1503 realiséiert, virun ëmmerhi scho 520 Joer, an en huet näischt vu sengem Mythos verluer. De Jean Claude Majerus iwwer d'Joconde