Retromania
Michael Jackson: E kontroverséierte King of Pop
15 min
Et war eng Nouvelle, déi viru 14 Joer, op d'mannst emol d'Musekswelt, ferm gerëselt huet. De 25. Juni 2009 ass de Michael Jackson, de King of Pop am Alter vun nëmme 50 Joer zu Los Angeles gestuerwen. An der Nuecht, kuerz no Mëtternuecht, koum deemools d'Nouvelle iwwer d'Noriichtenagencen, an déi bannent kuerzer Zäit ronderëm d'ganz Welt goung. Ganz séier waren Televisiounsstatioune wéi CNN, NBC, BBC-World oder eng ganz Partie amerikanesch Lokalsendere mat sougenannte Breaking News op Antenn: Amerika stoung ënner Schock.
Et sinn iwwerdeems och scho 40 Joer hier, datt dem Michael Jackson säi wuel beschten Album, "Thriller", erauskoum. De Michael Jackson ass wuel 14 Joer dout, mee vergiess ass hien awer nach net, musikalesch bleift hien duerch eng aussergewéinlech Karriär an Erënnerung. Dobäi dierf een net de Prozess wéinst presuméiertem Kannermëssbrauch vergiessen.
Haut op den Dag (29.8.) hätt de Michael Jackson 65 Joer kritt, an dofir erënnert de Jean Claude Majerus un de King of Pop.