Retromania
Hermann Nitsch: En Artist, dee polariséiert huet
10 min
Deen éisträichesche Moler, Sculpteur an Aktiounskënschtler Hermann Nitsch huet zu deenen Artisten gehéiert, déi mat hirer Aarbecht dacks fir Diskussiounen a Kaméidi gesuergt hunn a wuel kee kal gelooss hunn. Fir seng Aktioune mat geschluechten Déieren a plakege Mënsche krut hien op där enger Säit vill Luef, mee op där anerer Säit bal grad esou vill Kritik.
Den Numm Hermann Nitsch oder besser Biller vum Hermann Nitsch waren och de Grond am Joer 2002 fir d'Annulatioun vun enger Ausstellung vum éisträicheschen Fotograf Heinz Cibulka an der Galerie An Tunnel vun der Spuerkeess. Den Hermann Nitsch géif den 29. August 85 Joer kréien, hien ass den 18. Abrëll 2022 mat 84 Joer gestuerwen.
De Jean Claude Majerus iwwer dësen dach kontrovers diskutéierte Kënschtler