Retromania
Mount Everest: 70 Joer zanter der éischter Besteigung
12 min
De Mount Everest, mat 8.848 Meter, héchste Bierg vun der Welt, steet haut net ëmmer mat positiven Nouvellen an der Aktualitéit. Och de Fait, datt ee mat Suen esouguer um Sommet vun deem Bierg ka stoen, huet an de leschte Joerzéngten eng éischter negativ Konnotatioun mat sech bruecht
Wa mir awer an der Zäit zeréckkucken, war dat anescht, do war de Sommet vum Mount Everest eng alpinistesch Erausfuerderung, en Defi. Vir 70 Joer, am Mee 1953, hunn den Neiséilänner Edmund Hillary a säi Sherpa, den Tensing Norgay, den Exploit realiséiert, en Exploit, deen an d'Mënschheetsgeschicht agoung.
Den Hillary an den Norgay stoungen den 29. Mee 1953 um hallwer 12 moies als éischt Mënschen um héchste Bierg vun der Welt, um Mount Everest. De Jean Claude Majerus huet sech mat der éischter Besteigung vum Mount Everest beschäftegt.