Retromania
Loriot: De Grandseigneur vum däitschen Humor
9 min

De Vicco von Bülow, alias Loriot, konnt ee ganz sécher de Grandseigneur vum däitschen Humor nennen. De Komiker, Acteur, Zeechner, Bünebildner, Kostümier, Schrëftsteller, Regisseur a Professer fir Theaterkonscht war an Däitschland e Markenzeeche vum intelligenten Televisiounsentertainment. Am Contraire zu anere Komiker, oder Comedians, wéi een haut soe muss, huet de Loriot, als Bouf vun engem preisesche Beruffsoffizéier a sengem Witz vill Wäert op Manéieren an op de gudden Toun geluecht. De Loriot ass den 22. August 2011, virun 12 Joer also, am Alter vu 87 un Altersschwächt gestuerwen. De Jean Claude Majerus denkt un de grousse däitsche Komiker zeréck.
episoden

Mount Everest: 70 Joer zanter der éischter Besteigung
Vir 70 Joer, am Mee 1953 waren den Neiséilänner Edmund Hillary a säi Sherpa, den Tensing Norgay, als éischt Mënschen um Sommet vum Mount Everest.
