Retromania
Coco Chanel: Duerch si gëtt Paräis e Moudenzentrum
7 min
Si huet zu de bekanntste franséische Moudendesignerinne gezielt an huet duerch hire Stil d'Beweegungsfräiheete vun der Fra am 20. Joerhonnert beaflosst. Hir Kreatioune wéi dat "klengt Schwaarzt" oder hire Parfum "Chanel No 5" hunn d'Moud vun der emanzipéierter Fra markéiert. D'Coco Chanel huet, wéi si selwer eng Kéier sot: "D'Fra aus hirem Korsseli erausgeholl, eng Zort Liberatioun". D'Coco Chanel, déi den 19. August 1883, virun 140 Joer, gebuer gouf, ass den 10. Januar 1971 an hirer Suite am Hotel Ritz zu Paräis gestuerwen. De Jean Claude Majerus iwwer d'Coco Chanel