Retromania
Helmut Rahn: Ee vun den Helde vu Bern
11 min
Et war virun allem ee Goal, deen den däitsche Fussballspiller Helmut Rahn onstierflech gemaach huet, ee Goal, duerch deen hien eng Legend, e Mythos gouf. An dee Goal huet de Helmut Rahn de 4. Juli 1954 zu Bern am Wankdorf Stadion an der 84. Minutt geschoss. Et war den 3-2 vun der däitscher Fussballnationalekipp géint Ungarn, an et war eng Sensatioun: Däitschland war Weltmeeschter, an den Helmut Rahn gouf mat sengen zwee Goaler an der Finall en nationalen Held.
Et war fir ganz Däitschland och en éischter agreabelen Ament nom Enn vum Zweete Weltkrich. Den Helmut Rahn, ee vun de Responsabele vum "Wonner vu Bern" ass haut viru 20 Joer, den 14. August 2003, kuerz virun sengem 75. Gebuertsdag gestuerwen. De Jean Claude Majerus beschäftegt sech nach emol mam Helmut Rahn an deem groussen Ament am verreente Stadion zu Bern.