Retromania
V.S. Naipual: 2001 krut den Dauerkandidat de Literaturnobelpräis
7 min
Ouni dat grousst brittesch Räich, géif et de Schrëftsteller V.S. Naipual net ginn. Dem Naipaul seng Originne sinn an Indien, mee seng Famill goung fir Kolonialmuecht op d'Karibikinsel Trinidad schaffen, wou de Naipaul gebuer an och grouss gouf. Duerno goung hien an England, wou hie sech zu deem Schrëftsteller, deen hien haut ass, entwéckelt huet.
De V.S. Naipaul gëtt a gouf vu villen ofwäertend als "Reesschrëftsteller" tituléiert, gouf awer 2001 mam bedeitendsten Präis an der literarescher Welt belount, an zwar mam Literaturnobelpräiss. Viru fënnef Joer, den 11. August 2018, ass de V. S. Naipaul kuerz viru sengem 86. Anniversaire gestuerwen.
De Jean Claude Majerus huet sech am Retromania mam Literaturnobelpräislaureat beschäftegt.