Retromania
Withney Houston: Eng vun de grousse Stëmmen aus dem Pop-Genre ...
10 min
Et ginn ëmmer nees Kandidaten, déi an esou skurrillen Talentshowe probéiere Lidder ze sangen, oder muss ee soen, ze massakréieren. An do fënnt een der ëmmer, déi sech u Lidder wéi der Whitney Houston hiert "I Will Always Love You" eruwoen, an dann, fir et bildlech ze soen, wéi d'Titanic ënnerginn. Déi meescht si sech eens, datt een am Fong esou Lidder net sange soll. D'Whitney Houston konnt et, an et soll een dat och deene Kënschtler:inne loossen.
D'Whitney Houston war ouni Zweiwel eng vun de grousse Stëmmen am Pop-Beräich a si bleift et duerch hire Gesang och op ëmmer. Den 9. August, hätt d'Whitney Houton 60 Joer kritt, mee si ass an der Nuecht vum 11. op den 12. Februar 2003 am Alter vun nëmmen 48 Joer zu Los Angeles gestuerwen. D'Whitney Houston war deemools zu Los Angeles fir Grammy-Zeremonie, wou si an an hirem Hotelzëmmer zu Beverly Hills dout fonnt gouf, och Reanimatiounsmesuren hunn näischt méi bruecht.
De Jean Claude Majerus erënnert an eiser Rubrik Retromania un d'Sängerin mat där grousser an eenzegaarteger Stëmm.